Montag, 23. Juli 2007

www.Sloggi.lu

An deikeier rem mol en Post vun mir no den villen Fotoen.

Wei ech leschtenkeier an den Interview war vir relax mein klengen Beierchen ze drenken an op en Kolleg ze warden liesen ech dach net an der Zeitung dass lo Fraenrechtsbeweegung sech iwer dei aktuell Reklamm vun der ennerwäsche Marque "Sloggi" opreegt, dei reklamm wier diskrimineierung vun den Fraen. Ech gesinn net wirklech waat dorunner sou diskrimineierend ass well dei Fraen dei do op dem Plakat sinn, sinn just stiliseiert durgestallt an et get eben derzou opgeruff dass Leit sollen hier Biller wou se en Slip unhun aschecken vir deen scheinsten Henneschten ze wielen. Mee wann ech dann mol den Site kucken ginn vun Sloggi dann muss ech feststellen dass net nemmen Fraen un deem Concours deel huelen. Weiderhin mellen dei Fraen sech jo do freiwelleg un an op den Plakater ass och keng persoun ze erkennen also get och keen Model einfach sou sexistesch durgestallt. Opjidefall sinn lo puer Persounen an desem Land dei fannen dass eis Letzebuerger Publiciteit misst besser iwerwacht ginn, wou bleiwt dann do Pressefreiheet wann mer de leit virschreiwen waat se dirfen an waat net, ech fannen soulang dei Reklammen net extrem iwerdreiwen ass et net sou schlemm an an desem Fall ass et vir mech harmlos.

5 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Ech fannen net, dass een d'moralesch Responsabilitéite vun de Werbefritzen mat der Pressefräiheet minimiséiere kann, mä wat dat Sloggi-Gedeessems do ubelaangt, ginn ech der awer recht. Et ass jo och net fir d'éischt an dësem Land dass plakeg Hamen d'Gemidder erreegen. Géife Leit sech mol esou opreegen iwwer déi Hamen vun deenen aarme Sai déi permanent iwwer eis Autobunnen an de Süde gefouert ginn, just fir herno als Parma-Ham op hiren Telleren ze leien.

citizen hat gesagt…

Nee ech denken och net dass een kann bei Publicity vun Pressefraiheet schwetzen. Ech sin normalerweis éischter fier eng glaichberechtegt Situatioun mee an dësem Fall, ech hu mer déi Saach och ugekuckt, kann ech nemmen grinsen. Nee mol net eigentlech, et ass einfach liicht iwwerdriwwen. Do denkt een dann rem un déi Saach mat den Veloswee'er...

Anonym hat gesagt…

Pub huet awer och GUER naischt mat Pressefraiheet ze din.

Et sin eben JUST Fraen, an et sin EMMER just Fraen, déi op en Kierperdeel reduzeiert an zum Objekt deklareiert gin. Daat ass daat waat sexistesch ass.

the_zipper hat gesagt…

Ja gudd dann dierfe mer och keng Fotoen mei vun H&M an neierens mei eng Foto maan vir eng Reklamm wou geholl ginn vir Kleeder reklamm ze maan, mei Gott hun mer wirklech keng aner Problemer wei daat bessen do? Mengen ganz eist Land huet aneres ze dinn wei sech iwer soueng harmlos Reklamm opzereegen virun engem Joer waren Fraen ze erkennen an do soot keen eppes. Kemmere mer eis dach leiwer em eisen roude Leiw deen ass genee sou iwerflesseg. Waat an mengen Aan zevill enner den Desch gekiirt get daat ass thema Asilpolitik!

the_zipper hat gesagt…
Dieser Kommentar wurde vom Autor entfernt.