Mittwoch, 25. Juli 2007

Concorde

Ech hu lo grad eng Dokumentatioun iwwer Concorde gekuckt, net dat Geschäft, mee den Fliger, a mengen An dach sécherlech ee vun de schéinste Fligeren dee jee gebaut gouf wann net dee schéinsten an technesch ee vun de beschten, well weie Fliger packt et da schonn iwwer 30 Joer op dem Stand vun der Technik ze bleiwen, anscheinend hu vill Ingénieuren op éiweg Turbinen vun deene Maschinne vergöttert. Et war alles anescht wei ee rentabele Fliger, e war leider zu der falscher zéit op de Marché komm grad du wou dat alles mat der Emweltbeweegug ugefangen huet, schued eigentlech an en plus huet och dunn nach de start vun der Boeing 747 hier Genéck gebrach, eigentlech schued well soss konnt kee Fliger innerhalb vun 3 Stonne vu Frankräich an Amerika fléie leider konnt se 100 Passagéier manner wei 747 transportéieren an och hier Ticket’en ware méi deier an all dat nëmme well PanAm deemools vun hirer Commande vun 17 Concorde’en ofgespronge sinn, wat aus PanAm spéider ginn ass wësse mer jo mee dat huet néischte domatter ze dinn, trotzdem a mengen an ee vun de schéinste Fligeren deen et jee gouf an en plus ass et en zeechen dass egal wei Politik ass puer Länner zesumme kennen eppes Wonnerbares erreechen, an domatter well ech soen dass et net nëmme bei Fligere méiglech ass, mee och bei villen anere Sachen.

3 Kommentare:

citizen hat gesagt…

dat hei kanns du gudd gebrauchen

http://www.al.lu/yuppi/pdf/letzebuergesch.pdf

Anonym hat gesagt…

Ech wollt näischt soen, mee kann dem citizen just zoustëmmen. Heiansdo e Punkt méi, wir net schlecht; sou ass dat net immens gudd ze liësen.

Anonym hat gesagt…

You could easily be making money online in the undercover world of [URL=http://www.www.blackhatmoneymaker.com]blackhat tools[/URL], Don’t feel silly if you haven’t heard of it before. Blackhat marketing uses not-so-popular or little-understood methods to build an income online.