Sonntag, 1. Juli 2007

Videospiller machen gewalttäteg?

An der lescht ginn jo Diskussiounen durch sou zimlech all Medien op Videospiller drun schold sinn dass verschidden Leit sou schlemmen Amokleef beginn wei et vir d'lescht an Virginia komm ass!

Ech deen Videospiller sammelt kucken dei sach awer gären sou Objektiv wei nemmen meiglech! Well niewt der Fotografie ass Videospiller meng greissten Leidenschaft an eng Zeit lang dei eenzeg! Et ginn Leit dei ginn vun den Medien beanflosst an zu Handlungen gedriwen dei net richteg sinn daat well ech net ofstreiden.
Komm mir ginn mol an d'Ufäng vum 20te Joerhonnert zereck, deemols war grad den Kino dei neisten Erfindung, an deemols hun Menschen sech opeemol mat engem neien Medium konfronteiert gesinn. Verschiddener waren begeeschtert anerer emsou mei skeptesch an daat war deemols Majoriteit, och dunn gouff schon gesot dei Filmer geiffen leit dozou verunlossen verschidden Scenen aus den Filmer nozemachen. En halleft joerhonnert mei speit koum dunn den Fernseh op den Marché an och dunn sinn Diskussiounen emgaangen d'Leit geiffen negativ dervunner beaflosst ginn.
Haut stinn mer engem neien Medium geigeniwer, den Videospiller, an soumols dei Deitsch Regierung huet den Spiller regelrecht den Krich ugekennegt, mee mat waat vir argumenter freet een sech dann, wann een mol genee kuckt waat do vir Gesetzesprojet'en kommen dann mirkt een dass se selwer och net wessen waat se wellen, well et gouff en Gesetz waat sou genannten "Killerspiller" soll verbidden virgeschloen, an deem Gesetzesprojet steet awer neierens genee beschriwen waat soueen Spill ausmescht oder waat Critèren dervunner sinn, also kann een reng theoretesch Super Mario och als "Killerspill" ugesinn vuque dass een do muss op seng Geigner sprangen vir dass se stiewen! An eigentlech all dei Politiker dei sou Gesetzer verteidegen hun nach nie en Videospill an natura gesinn an och nach nie sech mat deem Thema richteg auserneen gesaat sie gleewen einfach alles waat sou Revolverblieder schreiwen an beruffen sech dorober, mee anstatt sech dermadder auserneen ze setzen an Philosophie vun deem Medium ze verstoen, nähmlech kennen an Welten an ze dauchen an Sachen ze erliewen an ze ennerhuelen dei een am richtegen Liewen sou nie keint maan, an do geheiert gewalt och mol derzou, souguer dei kleng Kanner spillen schon Soldaten op den Spillplatzen an Reiber an Gendarme.
Et ginn milliounen wann net souguer milliarden vun Menschen op deser klenger Welt dei Videsopiller spillen an vun all deenen sinn der vielleicht Een eenzegen am joer deen eng schlemm Dood begeht. An dann meeschtens hun dei Persounen nach ganz aner Problemer wei nemmen en brutalt Videospill gespillt ze hun, et sinn ganz oft sozial Problemer dei neischt mat den Spiller ze dinn hun, mee Press sicht oft en Schellegen bevir et Fakten ginn, sou och zu Virginia wou direkt gesot gouff Videospiller wieren schold herno huet sech raus gestallt dass den Täter mol guerkeng Vieospiller haat, mee dei eischt Grenn haaten sech an den leit hieren Käpp festgebrannt.
Ech muss awer och zouginn dass et videospiller ginn dei iwerflesseg sinn, do denken ech un "Manhunt" wou et einfach nemmen drems geet dass een en Messer an Hand gedreckt kritt an dann durch eng virtuel Welt leeft an alles ofmetzelt waat een sou begeint an daat ganzt nach an allem Detail ounie dass daat ganzt eng Geschicht mat sech zidd oder irgendwei no ze vollzeien ass weisou. Sou Spiller sinn vir mech einfach nemmen onneideg Provokatiounen vun der Videospillindustrie dei zum gleck awer dei grouss Ausnahm sinn an hoffentlech och bleiwen werten.

Vir et op een Punkt ze brengen, Videospiller sinn en neien Medium mat deenen baal all dei Leit wou et kritiseieren sech eigentlech guernet dermadder auserneen setzen. Ech sinn averstaanen dass verschidden Spiller wou Blut spretzt net vir kleng kanner gemach sinn an op et lo schon en 16ten jähregen dirf spillen oder net sief dohin gestallt mee et ze verbidden helleft neischt deen Medium ass dofir schon zevill integreiert an wann mer et geiffen verbidden geet et wei mat den Drogen an och an den 30er an Amerika mat dem Alkohol dann entsteet en Schwarzmaart.
Vun dohier misst eng vernünfteg Leisung fonnt ginn an net einfach alles stuer verbidden!

Keine Kommentare: