Sonntag, 1. Juli 2007

Terror oder net?

Ech haat mer eigentlech virgeholl weider keng Artikelen hei dran ze setzen! Mee wann ech Norichten kucken um Fernseh muss ech epps lass ginn!

Wei mer jo all matkruten sinn an England puer Bommen entschärft ginn vun "Terroristen". D'Fro dei ech mer stellen op Alkaida do emmer hannert all deenen Saachen soll stiechen! Well lo geet rem den "Kampf geint den Terrorismus" un! Stelle mer eis dach mol d'fro dass komescherweis sou Saachen oft gescheien nodeems bei der Regierung en wiessel statt fonnt huet, an England huet den Blaire jo sein Posten un den Gordon Brown ofginn, an vun villen Leit ass daat jo net sou gudd ugesinn ginn! Ech stellen mer emmer rem d'Fro op do net och Regierungen hannendrun stinn vir Bevölkerung anzeschüchteren an dann och nach herno als groussen Held do ze stoen en plus kann een domadder och gudd seng Stellung vis à vis zum Irak Krich an dem Afghanistan Asatz verteidegen! An mengen aan get et am Endeffekt manner Terror wei d'Regierungen eis et emmer wellen weis maan!

Et get Terror, do zweifelen ech keng Sekonn drun, mee net an deenen Mossen wei mir et emmer gesot kreien, opmannst net vun der Seit vun der Alkaida, et ass vill Propaganda vun den groussen Regierungen fir Bevölkerung op trapp ze haalen an se net zevill meckeren ze lossen, an hier kritesch Décisiounen gudd ze heeschen!

Daat ass lo meng Sicht vun de Sachen haal dir et lo wei der wellt!

Keine Kommentare: