Dienstag, 13. November 2007

Geplennert

Majo ech hun en neien Blog desen hei werd an nächster Zeit netmei aktiv sinn mee en bleiwt mol op wees een nie weisou een et nach keint gebrauchen.

Meng nei Adresse: www.zipper85.wordpress.com

Sonntag, 11. November 2007

Vir ze katzen...

...hun ech mer geduet wou ech grad den Fernseh ageschalt hun an op RTL (deen deitschen) gesinn wei kleng Kanner vun Millionären liewen. Do gesinn ech dann dass en Kand vun 3 joer en Zëmmer vun 50m2 huet. Mat eegener Dusch, engem zweeten Stack an et kennt een mat engem Lift direkt dohinner. Durno get Kand dann mat dem Porsche, nee drenner well et net chauffeiert gin, bei den Coiffeur bruecht. Mee daat ass lo keen Coiffeur wei een et sech virstellt. Do kritt een Kand vun 16 meint schon eng Manikür gemach an dann seet d'Mamm nach dass se daat relax fennt dass hiert Kand do eng Limonade kritt an engem Kannerglas mat engem Streihalem ounie dass sie muss derno froen.

An deem Senn vive den Kapitalismus.

Donnerstag, 1. November 2007

0,5l Hoegaarden

Jo ok en halwen Liter Beier ass neischt extraes, mee an desem fall schon well daat Glas do ass wirklech massiv, schon baal eng Vase.

Bruxelles 2





Bruxelles

Ech war lo mol 2 Deeg bei den Staater op Breissel, waren flott Deeg.





Sonntag, 28. Oktober 2007

ComeX's Private Poker Night

Endlech sinn se do, d'Fotoen vum ComeX sengem Pokerowend

ComeX's Private Poker Night

Montag, 22. Oktober 2007

Wann een sech langweilt...


...dann iwerschaft een eben mol mei aal Schanken.

An Gewenner

Den Gewenner



An dann meng mat där ech en preis krut

And the winner is...






...net ech. Ech haat bei de Walfer Fotofrenn hierem Fotosconcours mat gemach an krut den 2ten Preis woumadder ech net gerechent haat, hun daat schon deck gudd fonnt.

Mittwoch, 17. Oktober 2007

Modelleisebunn dei lescht

Modelleisebunn dei drett





Modelleisebunn dei zweet





Modelleisebunn






Ech war mat engem Kolleg virun puer meint op eng Ausstellung vun Modellzich wou en puer honnert quadratmeter grouss Bunn steht. Et war immens interessant, eigentlech sinn dei vill Detailer ronderem mei interessant wei den Zuch selwer.

Donnerstag, 4. Oktober 2007

Du hast den Farbfilm vergessen

Des Lidd hun vill Leit schon laang vergiess, mee ass mol en gudd Lidd fannen ech zum Thema Fotoen, an do war Nina Hagen jo nach richteg Attraktiv :)

Donnerstag, 20. September 2007

Grammaire wou bleiws de? Dei Zweet

An nees eppes aus onser Schoul, dest hei huet op onsem Infossall gepescht well en ausser betrieb war. Ech wees jo net waat ons Schoul alles sou kann, mee daat werte mer dann mol gesinn.


Mittwoch, 19. September 2007

Männlech oder Weiblech? Grammaire wou bleiws de?

Wei ech den Moien an Schoul komm sinn an meng Lescht vun menger Klass gesinn hun mat mengem Régent hun ech dach schon direkt am Ufank eng kleng Lachcrise kritt well den Tippfehler einfach den glanz war vun onser Directioun. Ech hun seier eng Foto mat mengem Handy gemach an se ass licht verwackelt mee kuckt selwer et kann een den Fehler awer zimlech gudd liesen. :) Ech well just erwähnen dass mer eng Commerce Schoul sinn wou vill op dei Franseisch Grammaire gehaalen get. ;)

Samstag, 15. September 2007

6 Megapixel sinn besser wei 12 Megapixel...

Lo werten vill leit sech froen op ech dann lo komplett verreckt ginn sinn soumols als een deen Fotografie als Hobby bedreiwt. An nee muss ech soen ech hun schon villen leit gesot dass et net un den pixel leit. Jo ech ginn zou mein Apparat huet och 10mpx mee daat ass och eng Spigelreflex an daat ass rem bessen eppes anescht mee nach mei fällt et an Gewicht bei Kompakten Apparater.

Mee vir iech wirklech mat lauter fachleschem Kauderwelsch daat ze beweisen kann ech iech nemmen http://www.6mpixel.org/ un Herz leen liesst daat durch soumols leit dei an nächster zeit eng Kompaktkamera wellen kaafen, lo wou als nächsten Feierdach Kreschtdach um Plang steet werd deem engem oder aneren secherlech eng Kompaktkamera op der Wonschlescht stoen.

Mittwoch, 12. September 2007

Interview Série ass ofgeschloss...

... geiff ech dann mol soen. Dem Joel wollt ech nach eng Foto maan vun den Schreften op der Toillette, mee leider seit se fresch gemach gouff, gouffen och dei Schreften wesch gemach. Schued!

Mee hun awer nach puer Fotoen haut gemach am inter mengen daat werd och net ophaalen ;)



Donnerstag, 6. September 2007

Mittwoch, 5. September 2007

Interview Série

Ech hun haut alt nees 2 Fotoen bei meng Série gesaat, mee ech mengen ech maan gleich en Schlusstrech drenner.

TRONGBO?

Dienstag, 4. September 2007

Eng nei Spillsach


Ech hun bei menger Bom doheem nach eng interessant sach fonnt.

Montag, 3. September 2007

An nach eemol Inter


Hun nach eng aus dem Inter mee dei passt net sou ganz an Idee vun menger Série dran, mee se huet mer awer gefall.

Série

Ech hun alt nees rem 2 Fotoen an meng Série vum Interview an den Album beigesaat an och nacheemol hei drenner gessat.