Montag, 27. August 2007

Amerika, daat freit Land

Et gëtt jo ëmmer gesot Amerika wier e freit Land.

Mee si mer dach mol éierlech, wat ass do dann sou richteg frei? Leit kréie vun Dach zu Dach nëmmen hier Propaganda aus hirem Land agetriichtert, vu Fernsehsenderen déi komplett vun engen vun deenen 2 Parteie geleet ginn, an déi nëmmen hier Interessen do presentéieren. Jo mir hei a Lëtzebuerg hunn dat och zum deel soumols Radiosenderen, mee mir hunn och nach Infoen aus dem rescht vun der Welt mee Amerikaner hu just Infoen aus hirem Land vum rescht vun der Welt kréien se net vill mat.

Ech hu mer dat Lidd „Dear MR. President” vum Pink mol am Detail ugelauschtert, an ech soe Respekt dat Lidd seet dach genee dat aus wat vill Amerikaner scho laang denken awer net ausdrécken. Ech fannen et haaptsächlech schued dass Pink sou zimlech deen eenzege Musekskenschtler ass, mat groussem Afloss op Leit, dee sech iwwerhaapt traut ze soe wat en denkt, a versicht Populatioun zum nodenken ze bréngen.

Wann dann mol eent wei Pink kennt, an e Lidd bréngt wat net méi wei berechtegt ass, da gëtt dat direkt verbueden. Ass dat Freiheet? Ee Lidd ze verbidden? Ech mengen net! Well domatter weist Regierung jo nëmme wei recht dat Lidd huet. An iwwer Internet kritt een dat Lidd haut des Dachs dach iwwerall rof ze lueden. Fro stellt sech lo wéivill Amerikaner dat Lidd lo kennen oder wëssen dass et existéiert?

4 Kommentare:

Anonym hat gesagt…

Wéi am Eescht?! Déi hun dat Lidd verbueden???

the_zipper hat gesagt…

Majo krut ech mol sou op MTV mat.

Anonym hat gesagt…

Mir sin héi awer net méi frai wéi an Amerika. Vlaischt gin sech d'Politiker héi just nach bessi Méih, et net all ze offensichtlech ze maachen.

the_zipper hat gesagt…

Mach sinn dass sie Freiheeten hun dei mer net hun, wei dei geschicht mat den Waffen. Freet een sech just op daat rem eng gudd Freiheet ass. Mee eppes ass kloer mir hun mei den durchbleck wei sie.